Vëlo Occassiounsmaart 2026

Hutt Dir e Vëlo, deen Dir verkafe, verschenken oder ersetze wëllt? Oder sicht Dir no engem gebrauchte Vëlo a gudden Zoustand? De Vëlo-Occasiounsmaart ass déi ideal Geleeënheet, fir de Vëloen en zweet Liewen ze ginn an dobäi eng méi nohalteg Mobilitéit ze fërderen.

Da kommt op eise Vëlo Occassiounsmaart, den 16. Mee 2026, teschend 14 a 17 Auer, deen am Kader vum VEWA sengem “Äishelleg” Fest stattfënnt.

D’Verkeefer kënnen hire Vëlo tëscht 12.00 an 14.00 Auer ofginn. D’Vëloe mussen onbedéngt funktionéiere, fir datt se zum Verkaf ugebuede kënne ginn.

All Participant leet de Präis vu sengem Vëlo selwer fest, wärend d’Organisatioun sech ëm de Verkaf op der Plaz këmmert. E Bäitrag vu 5 € pro verkafte Vëlo geet automatesch un de Vëlo Diddeleng. Et ass och méiglech, säi Vëlo ze schenken oder de ganze Verkafsbetrag un eng gutt Saach ze spenden.

E Mechaniker ass vun 14.00 bis 17.00 Auer op der Plaz, fir kleng Iwwerpréiwungen ze maache an a praktesch Rotschléi ze ginn.

Nëmme funktionéierend Vëloe fir Erwuessener a Kanner ginn ugeholl. Trottinetten, rullend Spillsaachen, Rollerblades sou wéi all net konformt Material kënnen net ugeholl ginn (kuckt d’Konditiounen op der Plaz).

Kommt bei eis fir dësen flotten Evenement am Sënn vun der Erëmverwendung an enger nohalteger Mobilitéit.

— FR —

Vous avez un vélo que vous souhaitez vendre, donner ou remplacer ?

Ou peut‑être êtes‑vous à la recherche d’un vélo de seconde main en bon état ?
Le Marché d’occasion Vëlo est l’occasion idéale de donner une seconde vie aux vélos tout en favorisant une mobilité plus durable.

Les vendeurs peuvent déposer leur vélo entre 12h00 et 14h00. Les vélos doivent impérativement être en bon état de marche afin de pouvoir être proposés à la vente.

Chaque participant fixe librement le prix de son vélo, tandis que l’organisation se charge de la vente sur place. Une contribution de 5 € par vélo vendu est automatiquement reversée à Vëlo Diddeleng. Il est également possible de faire don de son vélo ou de choisir de reverser l’intégralité du montant de la vente à une bonne cause.

Un mécanicien sera présent sur place de 14h00 à 17h00 pour effectuer de petites vérifications et offrir des conseils pratiques.

Seuls les vélos pour adultes et enfants en état de marche sont acceptés. Les trottinettes, jouets roulants, rollers, ainsi que tout matériel non conforme, ne pourront pas être pris en charge (voir conditions sur place).

Rejoignez‑nous pour cet événement convivial au service du réemploi et de la mobilité durable.

Posted in Events.