Feiert de World Bicycle Day 2025 mat eis!

Den Dënschdeg, 3. Juni 2025, ass World Bicycle Day – an dat feiere mir zesumme mat ProVëlo, dem Haus vum Vëlo an anere Partneren mat engem flotten Dag voller Aktivitéiten rondrëm de Vëlo.

Fuert mat eis um 17:45 zu Diddeleng fort (Treffpunkt: bei der Gemeng um 17:30), a loosst eis zesumme bis op Beetebuerg fueren. Vun do aus geet et da weider, zesumme mat deene wou aus der Stad kommen, op de Belval, wou mir un der grousser Bike Parade iwwert de Vëlodukt deelhuelen.

De Programm am Iwwerbléck:
•⁠  ⁠11h00–17h00: Funiculaire Kirchberg – Vëlosfest mat Reparaturen, Foodtrucks & gratis Glace!
•⁠  ⁠17h00: Start vun der Haapt-Vëlostour op Esch an d’Haus vum Vëlo (vum Kirchberg aus)
•⁠  ⁠17h45: Start vun eisem lokale Grupp zu Diddeleng Richtung Beetebuerg
•⁠  ⁠19h00: Bike Parade um Belval iwwert de Vëlodukt
•⁠  ⁠20h00–22h00: After Ride Party am Haus vum Vëlo mat DJ, Drinks a Snacks

Sidd mat dobäi a profiteiert eventuell fir de Wee kennenzeléieren, wéi ee mam Vëlo (zimlech) sécher op de Belval fuere kann.

Et gëtt op alle Fall e flotten Owend op zwee Rieder!

Posted in Events.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *