Critical Mass 2025 – 26.04.2025

De 26.04.2025 ass nees eis Critical Mass Manifestatioun zu Diddeleng. Start um 15 Auer op der Plaatz “Am Duerf”, Arrivée am VeWa wou och eisen Atelier participatif “réparation de vélo” stattfënnt.

Bei dësem gemeinsamen Tour vu +/- 8 km duerch Diddeleng geet et virun allem drëms eis Stroossen aus der Siicht vum Vëlosfuerer ze entdecken. Mir wëlle weisen, datt de Vëlo seng Plaz am ëffentleche Raum verdéngt.
 
Jiddereen (Jonk, Al, Vëloe mat Unhänger, E-Bike, Fixie, Tandem, …) ass Wëllkomm sech unzeschléissen. Den Tempo wäert esou sinn, datt jiddereen matkënnt.
 
Bei dësem Tour steet Konzept vun enger „Critical Mass“ am Virdergrond:
https://de.wikipedia.org/wiki/Critical_Mass_(Aktionsform)
  • D’Stroosse wäerten net fir de Verkéier gespaart sinn, sou datt de Code de la Route vu jidderengem muss befollegt ginn. Mär bleiwen all beieneen a wäerten ee grousse Convoi iwwert dee ganzen Trajet sinn
  • Mir recommandéiere en Helm unzedoen
  • Jiddereen fiert op seng eegen Verantwortung mat.
Zesummen wëlle mir e flotten Tour fueren a Freed um Vëlofueren hunn!
 
Sidd derbäi an hutt Spaass! 🙂

Weider Infos zum Event: https://www.facebook.com/events/702846702268470/

Hei ass den Tour dee mäer dest Joer fueren.

Posted in Uncategorized.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *